Sven Cannivy

Mäin Numm ass Sven Cannivy. 

Zanter 2015 sinn ech Software-Entwéckler bei enger grousser Firma zu Contern.

A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, Schwammen eleng a Volleyball mat Kollegen. Doriwwer eraus sinn ech am Beräich E-Sports hei zu Lëtzebuerg aktiv. Netflix an “chillen” sollen do awer och net ze kuerz kommen.

Ech sinn e jonke Mënsch dee säi Wee an der grousser Welt fënnt. Ech kucke gären iwwert den Tellerrand a si kee Frënd vu willkürleche Grenzen.

Ech engagéiere mech politesch, well et mir wichteg ass dass all mëndege Bierger eng Handhab iwwert eis Demokratie soll hunn, a seng Stëmm zur Geltung brénge soll. Et muss jidderengem eng Plattform heivir zur Verfügung stoen. Et soll och jiddereen sech senger Verantwortung bewosst sinn, déi seng Rechter an enger Demokratie mat sech bréngen.

Biergerbedeelegung ass mäin politesche Schwéierpunkt. An enger Informatiounsgesellschaft wéi eiser sinn et donieft och nach Open-Data, fir dass jiddereen sech informéiere kann, an en transparente Staat fir dass eis Biergerbedeelegung propper oflafe kann.

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt