Sunergy – De Piraten hire Plang fir méi Solarenergie

Eise Sonnenernergie-Plang fir Lëtzebuerg

Fir d’Pirate geet d’Regierung beim Thema Klimaschutz net wäit genuch. Just duerch den neie Klima- an Naturpakt a Primmen op Elektroautoe wäerte mir d’Äerderwiermung net ënnert 1,5°C halen, an d’Klimakris net stoppe kënnen. Laut dem leschte Bericht vum IPCC, steiert d’Welt am Moment op eng Äerderwiermung vun 2,7°C zou. Dëst si katastrophal Aussiichten an dofir muss elo direkt dogéint gestéiert ginn.[1]

Dofir präsentéiere mir Piraten eise Plang, fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes anhalen ze kënnen: de Sunergy

D’Zil vun dësem Plang ass et, de Bau vu Photovoltaikanlage massiv auszebauen, fir esou genuch erneierbare Stroum fir eis d’Land ze produzéieren am domat laangfristeg eppes géint d’Energieaarmut ze maachen a bis zu 400 Aarbechtsplazen ze schafen.

 

Mee alles der Reih no, fir d’éicht kuerz zu den Zuelen:

  • Ronn 20% vun eisem Stroumbedarf gëtt momentan vun erneierbaren Energien ofgedeckt.
  • Stand 2021 huet Lëtzebuerg een Stroumverbrauch vun 6,4 TWh an mir wëssen, dass duerch de Wiessel op Elektroauten, de Besoin u Stroum weider klamme wäert;[2]
  • Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 150.000 Wunngebaier, denen hier Diecher potenziell eligibel wieren fir eng Photovoltaïkanlag (wann een dovunner ausgeet datt een 10 KW Anlagen geif installéieren) [3]
  • De Moment kascht esou eng Anlag ronn 1.500 € pro KW also 15.000 €

 Fir dës Diecher kënnen ze notzen, muss de Propriétaire dat néidegt Kapital hunn. Leider hunn déi wéinegsten Propriétairen – wann se sech dann bis en Dag iwwert dem Kapp konnte leeschten – d’Suen,  fir sech nach eng Solaranlag op dem Dag ze leeschten! A bei Copropriétéiten ass et nach méi komplizéiert.

 

Wat proposéieren also d’Piraten:

 Mir proposéieren e Fong opzesetzen, deen Solaranlagen op Privatgebaier op 10 Joer iwwert sougenannten „Power Purchase Agreements“ virfinanzéiert an duerno de Propriétairen respektiv Co-Propriétairen iwwerléisst. Während deenen 10 Joer géif sech de Fong ëm all Käschte këmmeren, mee eben och d‘Recetten aus dem Stroumverkaf kréien. No dësen 10 Joer géingen d’Anlagen dann an de Besëtz vum Hauseegentümer iwwergoen.

 

Eise Plang gesäit fir, op 10 Joer, 1 Milliard € ze mobiliséieren, den Investisseuren 4% Rendement z’erméiglechen an domadder 60.000 Diecher (ca 1/3 vun allen Diercher zu Lëtzebuerg bis 2030) mat Solarpanneauen z’équipéieren.

 

Fir all dës Anlagen ze bauen, brauche mir natierlech och méi qualifizéiert Handwierker. Experten schätzen, dass duerch d‘Digitalisatioun bis 2030 ronn 400 Millioune Mënschen wäerten eng néi Aarbecht musse fannen.[4] Dës nei Aarbechtsplazen wäerten och am Beräich vun erneierbaren Energien entstoen. Mir ginn dovun aus, dass fir den Bau vun dëser Mass un Solaranlagen, ronn 400 Aarbechter gesicht ginn.[5]

Een Deel vun dëse Leit mussen natierlech och duerch Re- an Upskilling fir de Bau vu Solaranlagen geschoult ginn. An eisen Aen ee wichtegen Schrëtt fir dëst Land prett fir eng klimafrëndlech Zukunft ze maachen !

 Do dernieft spuert all Solaranlag vun 10 KW pro Joer iwwert 6 Tonnen CO2 an, wat potenziell enger Reduktioun vun 360.000 t pro Joer bis 2030 geif gläichkommen.[6]

 

Doduerch, datt d’Anlagen no 10 Joer an de Besëtz vum Hauseegentümer iwwerginn, kéinte mer och laangfristeg eppes géint Energieaarmut maachen.

Virstellbar wier, datt nierft Pensiounsfong a Banken jo och Privatleit sech kéinten un der Finanzéierung vum „Sunergy“ bedeelegen!

Eise „Sunergy“ geif domadder iwwer 1 TWh pro Joer un erneierbaren a lokal produzéiertem Stroum liwweren, bis zu 400 Leit eng (nei) Aarbechtsplaz ginn, a beweisen datt een och Geld spuere kann ouni mussen Immobilienhai ze spillen!

 

 

 

[1] https://www.ipcc.ch

[2] https://www.laenderdaten.info/Europa/Luxemburg/energiehaushalt.php

[3] https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/logement-en-chiffres/2020/PDF-Logement-9.pdf

[4]https://www.mckinsey.com/~/media/mckinsey/industries/public%20and%20social%20sector/our%20insights/what%20the%20future%20of%20work%20will%20mean%20for%20jobs%20skills%20and%20wages/mgi-jobs-lost-jobs-gained-executive-summary-december-6-2017.pdf

[5] Mir ginn dovun  aus, dass 2 Aarbechter kënnen an 8 Schaffdeeg eng 10KW Anlag bauen

[6] https://www.solarify.eu/2020/02/20/957-ein-kw-pv-strom-vermeidet-627-g-co2/

https://www.energieheld.de/blog/sanierung/solaranlage-und-umweltschutz

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an