Suivi vun den Dossiere vu Kanner an engem Placement

Bei dem Dossier de protection jeunesse handelt et sech ëm Dossiere vu Kanner, déi an enger Institutioun placéiert ginn, well e Jugendriichter eng physesch, psychesch oder moralesch Gefor fir si an hirem aktuellen Ëmfeld gesäit. D’Gesetz gesäit fir, dass dës Dossieren ab dem Zäitpunkt vum Placement all dräi Joer vum Jugendriichter musse kontrolléiert ginn, fir ze kucken, ob de Besoin vun engem Placement vum Kand nach ëmmer noutwenneg ass oder net.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zënter 2010 an opgelëscht pro Joer, a wéi ville Fäll goufen dës Kontrollen no dräi Joer net gemaach?

  2. Wat sinn d’Grënn dofir, dass dës Kontrollen net ewéi vum Gesetz virgesinn, gemaach goufen?

  3. A Fäll, wou dës Kontroll no dräi Joer net gemaach gouf, wat fir Méiglechkeeten hunn déi biologesch Elteren oder aner Familjememberen, fir esou eng Kontroll an d’Weeër ze leeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7357

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt