Südkongress 2024

Ahoi !

Den 20te Januar 2024 um 10h00 hunn d’Süd-Piraten hire Kongress Kulturhaus Käerjenger Treff ofgehalen. 

Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator

Presentatioun vum Bilan vum Südbezierk duerch d’Tresorière.

De Vott de Décharge gouf unanime ugehol

Wal vun der Kongressleedung

Et goufen unanime gewielt: Marc Goergen & Gilles Mertz

Wal vum Bezierkscomité

De Comité gouf wéi folgt gewielt:

  • Koordinator: Bruno Da Silva
  • Tresorier: Teresa Monteiro
  • Spriecherin: Paula Cuouto
  • Spriecher: Vincenzo Turcarelli
  • Weider Comitésmemberen
    Ben Lomel
    Camille Liesch
    Chris Bernard
    Gilles Mertz
    Marc Goergen

Dëse Comité gouf vum Kongress unanime ugeholl.

Wal vun 2 Keessepréifer 

Folgend Persounen hu sech fir d’Besetzung vun de Posten vun de Keesepréifer gemellt:

Andrea Ferreira

Lara Schintgen

D’Keessepréifer goufen unanime gestëmmt.

Divers

Et goufen Ofschlossrieden vun den neien Comitésmemberen gehalen.

Appel un d’Memberen, fir eis Datumer matzedeelen fir Braderien, Eventer (Save the date: Summerfest zu Käl 7te Juli).

Propose, dass dëst Joer e puer Aarbechtsgruppe, nieft den Europawalen, ofhalen. All Member ass wëllkomm, fir hei eng Demande ze maachen op ahoi@piraten.lu. Eist Personal hëlleft hinnen dann beim Encadrement.

***

Enn vum Kongress um 11h15.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt