e purpurroude a wäisse Logo mam Wuert piraten.

Südkongress 2023

Ahoi léiwe Member !

Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op de Süd-Kongress, deen den Samschden, den 22te Juli 2023, ab 17h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff stattfënnt. D’Adress ass 54c Avenue de Luxembourg, L-4950 Bascharage.

De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus: 

  1. Aschreiwung a Begréissung
  2. Wal vun der Kongressleedung 
  3. Präsentatioun a Vott vun de Kandidatelëschten fir d’Chamberswalen
  4. Politesch Ried vum Koordinator a Süd-Deputéierten Marc Goergen
  5. Pizza & Patt zesummen 

Denk drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2023 bezuelt musst hunn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:.

Du kanns däi Membersbäitrag ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu 

Och d’Flatrate fir Iessen a Gedrénks kanns du hei bezuelen: 
https://buy.stripe.com/00g3cp0w9bbSde84gn

Alternativ kanns du einfach ee Virement op folgende Bankkonto maachen:

Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000 
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng”
oder “Flatrate Kongress Süden 2023”

Fir de Kongress beschtméiglech plangen ze kënnen, wier et léif, wann s de eis am Viraus kéins soen, ob s du dobäi bass.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene