Sudenergie verhënnert den Ëmbau op erneierbar Energien?

Mir gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun an hirem Haus wollt d’Gasheizung duerch eng ëmweltfrëndlech Wärmepompel ersetze loossen, dëst awer duerch hire Kontrakt mat hirem Gasliwwerer verbuede krut. Et handelt sech beim Gasliwwerant ëm d’Firma Sudenergie, enger Aktiegesellschaft, déi 14 Südgemenge gehéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Staat eng Handhab driwwer, wa Leit hier Heizung wëlle renovéieren, mee dëst an engem Kontrakt tëscht dem Energieliwwerant an dem Konsument verhënnert gëtt?

  2. Wéi vill Fäll goufen de Ministèrë bis elo matgedeelt, bei deene Persounen net aus hirem Kontrakt erauskommen, fir energetesch Sanéierungen duerchzeféieren?

  3. Wéi wäert d’Regierung dofir suergen, dass an Zukunft all Bierger hei am Land op nohalteg Energiequelle kann ëmsteigen, och wa Kontrakter mat Energie-Liwweranten dëst blockéieren?

  4. Am Hannergrond vun der Klimakris an der néideger Energietransitioun, wäert d’Regierung mat Südenergie souwéi aneren Energie-Liwweranten zesummekommen, fir besser Modalitéiten auszeschaffen, fir dass Clientë méi einfach aus hiren ale Kontrakter erauskommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6192

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt