Subside vum Staat: Wéi eng Betriber profitéieren am meeschten?

 Virun e puer Joren huet déi viregt Regierung eng Rei Hëllefsmoossname fir d’Betriber beschloss, déi ënnert dem Numm “Fit 4” bekannt sinn. Dorënner befannen sech “Fit 4 Start”; “Fit 4 Digital”; “Fit 4 Innovation”, “Fit 4 Sustainability” oder och “Fit 4 Resilience”. Verschidde Programmer erlaben et och groussen Entreprisen a Multinationalen, fir hei drun deelzehuelen a vu staatleche Subsiden dierfen ze profitéieren, wann si d’Bedingungen erfëllen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Subventiounsprogrammer fir Betriber (onofhängeg vun der Gréisst vum Betrib) goufen zënter 2018 geschaf? Wéi eng Subventiounsprogrammer lafen aktuell nach?
    1. Wéi vill Demandë sinn an deenen eenzele Subventionsprogrammer erakomm a wéi vill goufen ugeholl bzw. ofgeleent? Wéi vill sinn nach en Cours de Traitement?
    2. Wéi vill Subside goufen, opgelëscht no Joer an no Programm, an deenen eenzelnen Subventionsprogrammer ausbezuelt?
    Wat ass de Montant vun den Demanden, déi nach am Cours de Traitement sinn?
    3. Wien waren déi fënnef gréisst Beneficiairë vun dëse Programmer an all dëse Joren a wéi vill Subsiden hunn dës Firmen insgesamt erhalen?

  2. Wéi eng Subventiounsprogrammer existéiere beim Staat fir de Finanzement vun neie Maschinnen an Infrastrukturen ze subventionéieren?
    1. Wien war déi fënnef gréisst Beneficiairë vun dëse staatleche Bäihëllefen an all deene Joren a wéi vill Subsiden hunn dës Firmen insgesamt erhalen?
    2. Wéi ass séchergestallt, dass d’Maschinnen, déi mat lëtzebuergesche Bäihëllefe bezuelt goufen, net no e puer Joren an d’Ausland verkaf, transferéiert oder exportéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 368

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt