Subsiden fir de Sportsecteur

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°174 huet de Minister gesot, dass et keng Retarde géif gi beim Ausbezuele vun den Aiden fir de Sportsecteur – weder fir d’Decompte vun 2023, nach fir d’Avance vun 2024. Trotzdeem schéngen d’Sue fir de Secteur ze spéit ze kommen. Bei enger ganzer Rei Sportfederatiounen a -veräiner, ginn d’Keessen esou lues eidel, wat bei lafende Käschten, déi gedeckt musse ginn, a Paien, déi ausbezuelt musse ginn, de Secteur aktuell viru grouss Erausfuerderunge stellt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wëll de Minister zousätzlech zum regulären Ausbezuele vun den Aiden nach op eng aner Aart a Weis op déi finanziell Engpäss am Sportsecteur reagéieren?

  2. Kéint de Secteur nach méi kuerzfristeg wéi geplangt mat de finanziellen Hëllefe rechnen, fir sécher ze stellen, dass d’Paien Enn Januar all ausbezuelt kënne ginn?

  3. Wéi wäert d’Ausbezuele vun den Avancë fir d’Joer 2024 am Kader vum Douzième provisoires Budget oflafen? Kënnen d’Federatioun och do kuerzfristeg mat enger substantieller Avance rechnen, wéi an de Jore virdrun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 189

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren