Subside Qualité + fir Veräiner

Iwwert de Subside Qualité+ gi Sportsveräiner, déi Sport fir Kanner ënner 16 Joer ubidden, finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Duerch dës Subside kënne lokal Veräiner de Sport zu engem méi gerénge Präis fir eng breet Bevëlkerung ubidden. Am Rapport d’acitivités fir d’Joer 2023 steet fir de Subside Qualité+ Follgendes ze liesen: “2.969.229 € pour le subside « qualité+ » aux clubs sportifs. Un dépassement de l’ordre de 1.641.671 € est demandé principalement en raison de l’augmentation du nombre de demandes et du nombre d’enfants. Le montant global se chiffre alors à 4.610.900 €.” De Montant, deen ursprénglech virgesi gi war, war also net héich genuch an huet missen opgestockt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. U wéi vill Veräiner ass dëse Subside gaangen a wat waren déi 10 Veräiner, déi dee gréisste Montant kruten?

  2. Wéi vill Kanner waren 2023 vun dësem Subside betraff?

  3. Wéi ass de Gesamtmontant vun de Subsiden an deene leschte 6 Joer evoluéiert a wéi vill Veräiner hunn an de Jore vun 2017 bis 2022, opgeschlësselt pro Joer, vum Subside profitéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 573

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen