Subside fir d’HORESCA-Federatioun

Wéi am Magasinn vun der HORESCA ze liesen ass, konnt d’Federatioun d’Budgetsjoer 2020 mat engem Plus vu 75.000 Euro ofschléissen, an dat obwuel eng ganz Rei Memberen am Joer 2020 net cotiséiert hunn, wéinst der schwéierer wirtschaftlecher Situatioun opgrond vum Covid-19. Erkläert gëtt den erstaunleche Surplus duerch Ënnerstëtzunge vu Säite vun der Chambre de Commerce an dem Mëttelstandsministère. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mat wéi vill Euro huet de Mëttelstandsministère d’HORESCA am Joer 2020 finanziell ënnerstëtzt?

  2. Waren d’Ënnerstëtzungen zweck- an zilgebonnen oder huet et sech ëm Subside gehandelt, déi d’HORESCA fräi verwende konnt?

  3. Falls d’finanziell Ënnerstëtzungen zweck- an zilgebonne waren, fir wéi eng Ziler goufe Subsiden ausbezuelt a wéi héich waren se jeeweils? 

  4. Ass fir d’Joer 2021 och virgesinn d’HORESCA finanziell ze ënnerstëtzen?
    Falls jo, wéi vill Euro sollen ausbezuelt ginn a fir wéi eng Zwecker?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4285

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt