Subside fir Déierenasyler

Traditionell heescht et an den Déierenasyler no de Chrëschtdeeg oder an den Zäiten vun der Summervakanz: “Alle Jahre wieder”. Zu dësen Zäiten ginn d’Zuele vun den Déieren, déi an den Asyler landen, däitlech erop. Déierenasyler leeschten ee wichtege Bäitrag am Schutz vun den Déieren, well se den Déieren, déi net méi dierfen oder kënnen an hirem Doheem bleiwen, eng Méiglechkeet ginn, gutt ënnerzekommen an ee neit Doheem ze fannen. Et gi vill Fäll, wou Persounen mat verschiddenste Grënn sech net méi selwer kënnen ëm hirt Hausdéier këmmeren an et mussen an engem Asyl ofginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill Subside goufe vum Lëtzebuerg Staat an de leschte 5 Joer un Déierenasyler (opgelëscht pro Standuert) respektiv un d’ASBLen, déi entspriechend Strukture bedreiwen, ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 148

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt