De Stroum gëtt ab 2025 méi deier

PIRATEN wieren sech energesch géint nei Präisser an domat och méi héich Käschte beim Stroum! Eis Proposen de Leit hei finanziell ënnert Äerm ze gräifen ass vun der CSV an der DP refuséiert ginn! Merci der Regierung fir näischt!

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass si sech un den Nationalen Klima- an Energieplang (PNEC) géif halen, deen duerch eng Villzuel u Moossnamen d’Reduktioun vun den Zäregasemissioune soll erreechen;
  • Fir Januar 2025 warnen den ILR an d’Stroumnetzbedreiwer d’Konsumenten, dass d’Käschte fir de Stroum ëm bis zu 30% wäerten erop goen. Duerch eng nei Formel bei der Berechnung vun de Netzkäschten riskéiere grad déi Leit, déi d’Energiewend ënnerstëtzen an a Wärmepompelen an Elektroautoen investéieren, finanziell benodeelegt ze ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. bei der Berechnung vun den Netzkäschten ze berécksiichtegen an dofir ze suergen,
    • dass Stéit, déi Stroum mat hirer Photovoltaikanlag produzéieren, net finanziell benodeelegt ginn, wann si bei schlechtem Wieder méi Stroum aus dem ëffentleche Stroumnetz verbrauchen.
    • dass Stéit, wann si an eng Wärmepompel oder een Elektroauto investéieren, net finanziell benodeelegt ginn, well hiren Duerchschnëttskonsum u Stroum logescherweis duerch dës Investitioune wäert erop goen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen