Strooss vu Bettebuerg op Hëncheréng

Viru kuerzem sinn ech mam Auto vu Beetebuerg a Richtung Hëncheréng gefuer. Am Ausgang vun Hëncheréng hunn ech festgestallt, dass do eng Aart Insel an d’Strooss gemoolt ginn ass, déi bei schlechte Wiederkonditiounen net gutt ze gesinn ass. En Deel vun der Strooss, dee soss riicht verlaf ass, gouf elo esou ëmgeleet, dass een entweder op déi fréier Géigespuer muss fuere respektiv een iwwert en Busarrêt muss fueren, den do laanscht déi ursprénglech Strooss verleeft. Et gouf un eis erugedroen, dass vill Leit déi néi Fuerbunnmarkéierung net gutt gesinn an et dowéinst ëmmer nees zu geféierleche Situatioune kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gedenkt de Ministère eppes ze ënnerhuelen, fir dës Plaz nees méi sécher ze gestallten an esou Accidenter ze vermeiden?
    • Wa jo, wéini soll dat gemaach ginn?
    • Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7590

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt