Stockage vum CO2

Published by Sven Clement on

Mam Gesetz vum 27. August 2012 gouf e juristesche Kader fir de Stockage vun CO2 um Territoire vum Grand-Duché geschaaft. De CO2 soll zur Bekämpfung vun der Klimakris aus der Atmosphär captéiert an a geologesche Gestengsschichten stockéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demande fir eng Autorisation d’exploitation goufen dem Art. 6. vum genannte Gesetz entspriechend bis zum haitegen Dag enregistréiert?
    Wéi vill Autorisatioune goufe bis elo ausgestallt? 

  2. Wéi vill Demande fir eng Autorisation de stockage goufen dem Art. 7. vum genannte Gesetz entspriechend bis zum haitegen Dag enregistréiert?
    Wéi vill Autorisatioune goufe bis elo ausgestallt? 

  3. Wéi vill Sitte goufen dem Art. 5. vum genannte Gesetz entspriechend bis zum haitegen Dag als méiglech Sitte fir de Stockage ermëttelt?
    Wou sinn déi Sitten?

  4. Wei vill CO2 kéint an dësen designéierten Sitte maximal stockéiert ginn?

  5. Wëll d’Regierung Projeten, déi d’Capture an de Stockage vun CO2 a geologesche Strukturen um Territoire vum Grand-Duché zum Zil hunn, an Zukunft fërderen? 

  6. Gedenkt d’Regierung Projeten, déi d’Capture an de Stockage vun CO2 an geologesche Strukturen zum Zil hunn, an Zukunft mat staatlechen Aiden finanziell ze ënnerstëtzen? 

  7. An engem IPCC Rapport vun 2018 gëtt Carbon Capture als eng noutwenneg Mesure fir d’Anhale vum 1,5°C Ziel vum Pareiser Ofkommes duergestallt. Ass d’Regierung och dëser Meenung?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5746


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.