Stempel op der Demande fir de Congé parentale

An der Fro n°2848 hat ech schonn eng Rei Froen zu der Obligation légale de tampon gestallt. Eis gouf rezent zougedroen, dass eng Persoun hier Demande fir de Congé parentale refuséiert krutt, well si nach an der Proufzäit wier, obwuel dës Proufzäit scho virum Ufank vum Congé de maternité op en Enn geet. Dowéinst soll de Patron ee Bréiw erareeschen, dass d’Proufzäit fréizäiteg gestoppt gouf, fir dass déi betraffe Persoun hiere Congé parentale accordéiert ka kréien. Dëse Bréif soll mat enger Ënnerschrëft an engem Stempel vum Patron beglaawegt ginn. Vill Entreprisen hunn awer haut keng Stempele méi. Dowéinst soll am Bréif vun der Demande drageschriwwe ginn, dass de Patron kee Stempel huet an just mat senger Ënnerschrëft säin Accord gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann e Congé parentale refuséiert ginn, well déi betraffe Persoun nach zum Moment vun der Demande an der Proufzäit ass dëst obwuel d’Proufzäit virum Ufank vum Congé de maternité op en Enn geet?

  2. Goufen zënter 2020 Demandë fir Congé parentale refuséiert, well op der Demande kee Stempel vum Patron war? Wa jo, wéi vill waren et der?

  3. Huet zënter menger leschter Fro (n° 2848 )zu dësem Thema Base légale geännert oder wat sinn d’Grënn dofir, dass d’Zukunftskeess nach ëmmer ee Stempel freet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 46

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen