Kritik zur Steierpolitik vun der Regierung

D’Pirate kritiséieren d’Aart a Weis, wéi d’LSAP mat populisteschen One-Shot-Fuerderungen dovunner oflenke wëll, dass d’Steierreform net ëmgesat gëtt. Mir weisen drop hin, dass déi lescht 3 Joer d’blo-rout-gréng Sozialpolitik zu enger Verschlechterung vun der Situatioun vu ville Leit hei am Land gefouert huet. D’Pirate fuerderen eng fair a modern Steierreform an dat esou séier wéi méiglech a proposéieren dofir konkret Iddien.

Mat groussem Tamtam huet d’LSAP virun e puer Wochen eng Corona-Steier op d’Tapéit bruecht. D’Iddi vun dëser Steier sollt sinn, dass Firmen, déi als Gewënner aus der Covid-19-Pandemie erausginn, eng extra Steier solle bezuelen. Wien genee dës Steier treffe sollt a wéi héich dës Steier sollt sinn, bleift bis haut ee Geheimnis vun de Sozialisten.

D’Feele vu konkreten Inhalter ass awer weider och net schlëmm, well scho kuerz drop de Koalitiounspartner DP der Iddi vun der Corona-Steier eng kloer Ofso erdeelt huet. “D’Iddi ass vum Dësch”, hu verschidden Zeitunge getitelt. Doriwwer eraus géif och déi ugekënnegt Steierreform bis 2023 op Äis geluecht ginn, wéi de Finanzminister vun der DP op RTL erkläert huet. Déi berüchtegt Steierreform, bei där kee verléieren, mee jidderee gewanne sollt, endegt deemno an engem eidele Walverspriechen. 

D’Pirate kritiséieren d’Aart a Weis, wéi d’Regierungsparteie mat der Steierpolitik spillen a vum Kär vum Problem oflenken. Aplaz un déifgräifende Reformen ze schaffen a konkret a chiffréiert Iddien ze presentéieren, lenkt d’LSAP mat populistesche Corona-One-Shot-Mesurë gären dovunner of, dass dës Regierung keng nohalteg a sozial Steierreform op den Dësch ka leeën.

Och wann een der Regierung, ausserhalb vun der Corona-Politik, déi kleng Opbesserunge vum Mindestloun an dem Revis zegutt hale kann, muss ee global gesinn awer feststellen, dass dës Moossnamen net dofir gesuergt hunn, déi sozial Ongläichheeten hei am Land ze verbesseren. 

Mir erënneren dorunner,
• dass d’Wittfraen/-männer nach ëmmer méi Steiere musse bezuelen. Dat nämmlecht gëllt fir déi Elengerzéiend an ee groussen Deel vun der Mëttelklass, déi sech enger ëmmer méi schwiereger finanzieller Situatioun ausgesat gesinn.
• dass mer zënter 2018 eng astronomesch Präisdeierecht bei de Logementspräisser hunn. Eleng d’Appartementer sinn zënter 2018 bal 50% méi deier ginn! (Source: Observatoire de l’Habitat)
• dass d’Schéier tëschent Räich an Aarm ëmmer méi ausernee geet, Joer fir Joer (Source: Panorama Social 2021, CSL).
• dass multinational Betriber, bei Milliarden Ëmsaz, nach ëmmer Steierkaddoe vun dëser Regierung gemaach kréien. Pour Rappel: d’LSAP, sëtzt schonn zënter 2008 an dëser Regierung.

Maache mir eis also näischt vir: dës Koalitioun mécht, ënnert dem Begrëff “sozial”, weider mat enger Politik fir déi Räich a Wuelhabend.

Lëtzebuerg brauch eng Steierreform, an dat schonn haut. D’Piraten fuerderen dofir eng fair a modern Reform op Basis vun de folgenden Eckpfeileren:
1. d’Ofschafe vun der Wittfraesteier;
2. ee Crédit d’impôt, dee Monoparentaux’en an hier Kanner iwwert d’Aarmutsgrenz hieft;
3. eng eenzeg Steierklass;
4. eng Steiererhéijung op d’Akommes vu Groussverdinger;
5. eng Deckelung vum Index, fir sozial Ongläichheeten ze verréngeren;
6. eng gläich Besteierung tëscht Kapital an Aarbecht: d’Gewënner aus Kapital sollen nom nämmlechte Barème besteiert ginn, wéi ee Salaire.

D’Piraten ruffen d’Koalitioun dozou op, sech an deem Sënn un hire Koalitiounsprogramm ze halen an d’Steierreform an dëser Legislaturperiod unzepaken. 

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de