Steierlech ofsetzbar Zënsen

D’CGFP deelt an enger Pressematdeelung vum 7ten Februar mat, dass et, laut hirer Liesaart, zu enger Reduzéierung vun de steierlech ofsetzbaren Zënse komm ass. Esou wier den Artikel 4B vum groussherzogleche Reglement vum Dezember 2016, deen um Artikel 98 vum Akommessteiergesetz vun 1967 hänkt, ersatzlos gestrach ginn. Dëst kéint bedeiten, dass d’Steierzueler hir Scholdzënsen net méi kënne komplett op nach net bewunnten Immobilien ofsetzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei ass d’Liesaart vun der Steierverwaltung? Wat fir Konsequenzen huet d’Sträiche vum Artikel 4B?

  2. Dierfen déi Zënse fir d’Steierjoer 2023 nach ofgesat ginn oder net?
    • Wa jo, bis zu wei engem Plaffong?
    • Wa nee, firwat huet d’Regierung dëst gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7561

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen