Steierkontrollen

Reporter.lu hat am Artikel Les ventes au noir des pharmacies (11.6.2021) dovunner beriicht, dass sech eng Rëtsch Apdikten hei am Land am grousse Stil dem Steierbedruch schëlleg gemaach hunn an dat ënnert anerem duerch Venten um Schwaarzmaart. Dëst war duerch Kontrolle vun der Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA (AED) opgefall.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Steierkontrolle vu privat Persounen,bei deene Beamten op den Terrain gaange sinn, goufen an deene leschte 5 Joer organiséiert (opgelëscht no Joer an no Büro)?

  2. Wéi vill Steierkontrolle bei Firmen, bei deene Beamten op den Terrain gaange sinn, goufen an deene leschte 5 Joer organiséiert (opgelëscht no Joer an no Büro)?

  3. An wéi ville Fäll gouf an deene leschte 5 Joer mat auslänneschen Administratiounen zesumme geschafft, fir Persounen oder Firmen aus dem Ausland ze kontrolléieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4831

Well eis Donnéeën an der Äntwert vum Minister feelen, huet den Deputéierten eng Nofro gestallt (n°4957):

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene