De Gilles Mertz, zënter 2013 bei de Piraten aktiv, erkläert an enger Tribune libre kuerz a knackeg wéi d’Piraten d’Steiergerechtegkeet fir Lëtzebuerg wëlle gestalten.
Ass et fair, dass ee Single méi Steiere muss bezuehlen, wéi een dee bestuet ass? Däerf ee Stéiermodell eng bestëmmte Aart a Weis ze liewe bestrofen oder belouhnen? Wat ass falsch dorunner, Single ze sinn?
Ass et fair, dass eng Persoun, déi hire Partner verléiert, e puer Joer drop méi héich besteiert gëtt? Ass de Verloscht vum Partner eleng net schonn haart genuch?
Den Infirmier, deen Nuechten a Nuechten duerchschafft fir Léit a Nout ze hëllefen an op säi klenge Salaire muss Steiere bezuehlen. Ass et him géigeniwwer fair, wa räich Investisseuren sech duerch zéch Méiglechkeeten virun hire Stéieren drécken?
Wéi erklären ech enger Persoun, déi de Mindestlouhn verdéngt a dorobber ronn 10% Steiere bezillt, datt Läit mat vill Suen Milliounen Euro a Spezialfongen setzen a dorobber nëmmen 0,01 % Steieren bezuehlen?
Mir Pirate fannen, dass eng Steierreform dréngend noutwänneg ass, mee net esou wéi den CSV-Präsident sech dat virstellt, mee op eng pragmatesch Aart a Weis.
D’Coronapandemie kascht de Staat aktuell ee Verméigen. Dës Suen feehlen an eise Staatskeessen a mussen iergendwou erëm erakommen. Ëmmer Sue léihne goen ass keng gutt Iddi, well dës Suen mussen och erëm zeréckbezuehlt ginn.
Mir maachen domadder just Scholden um Bockel vun eise Kanner.
Mir kommen also laangfristëg net laanscht eng Steier. Et stellen sech hei awer verschidde Froen:
- Wéi eng Steier soll de Staat opsetzen?
- Wéi héich soll se sinn?
- Wien soll dës nei Steier bezuehlen a weem soll se zegutt kommen?
Fir d’Piraten kommen eng Ierfschaftsteier oder eng Verméigenssteier net an d’Tut. Dës Zorte Steieren sinn net effikass genuch a bidden all Multimillionär a senger Equipp aus Affekoten, Consulting an Comptablen genuch Schlupflächer, fir sech laanscht d’Steieren ze drécken.
De Gelackméierten bleiwe mir – also mir Ottonormalbierger – déi sech kee Finanzexpär leeschte kënnen an op eisem klengem Erspuertenes musse Steiere bezuehlen, während déi wierklech Räich sech dolaanscht dackelt.
Ma de Sven Clement hat et am RTL-Kloertext richteg gesot : mir brauchen einfach Reegelen a Reegelen, déi op all Akommes nämmlescht applizéiert ginn.
Mir brauchen een einfacht Steiergesetz, ouni honnerte vun Ausnahmen an Abattementen lénks a riets. Ob Salaire, Immobilien, Aktien oder Fongen, all Akommes soll zum Schluss vum Joer an een Dëppen geheit ginn an dorobber sollten mer dann een entspriechende Steiersaz bezuehlen.
Dës einfach Steier op all Akommes soll net vun der Mëttelschicht, mee vum Groussverdénger bezuehlt ginn. Wien an engem Joer méi wéi 200.000€ mat all sengen Aktivitéite verdéngt, ma deem deet eng Steiererhéijung manner wéih, wéi enger Persoun, déi mam Mindestlouhn hei am Land muss iwwert d’Ronne kommen.
Déi Suen, déi wuehlhabend Persounen zousätzlech an d’Staatskeess abezuehlen, kinnt een dann deenen, déi manner hunn, a Form vun engem Steierkreditt erëmginn, fir hinnen esou alt ee klengt Stéck méi aus der Aarmut ze hëllefen.
Esou gesäit fir eis Piraten eng fair, modern an transparent Steierpolitik aus.
Wann Dir méi iwwert d‘Aarbecht vun der Piratepartei wësse wëllt, da surft laanscht op eiser Internetsäit www.piraten.lu, gitt Member oder stellt är Fro un d’Regierung op www.fro.lu .