Fir ee kloere Kader bei den Astreinte fir Frontalieren

Context:

Séance publique n°6
Dossier parlementaire n°8311 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Am Prinzip gëtt d’Astreinte net als Aarbechtszäit gezielt. D’Astreinte zeechent sech doduerch aus, dass d:en Salarié:e net op enger bestëmmter Plaz muss sinn, mee just muss zu all Moment erreechbar sinn, fir dass en, wann néideg, seng Aarbecht kann ophuelen. D:e Salarié:e kann sech also fräi deplacéieren a sengem Privatliewen an där Zäit nogoen;
  • D’Duebelbesteierungs- an Home Office Accorden, déi Lëtzebuerg mat sengen Nopeschlänner getraff huet, gesi fir, dass d’Astreinten zur Aarbechtszäit am Wunnland zielen an dës deemno vun den erlaabte 34 Deeg Home Office ofgerechent ginn; 
  • Deemno kann just d’Disponibilitéit, fir ze schaffen, déi Betraffen ee ganzen Dag Home Office kaschten;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Nei Verhandlunge mat de Nopeschlänner ze féieren, mam Zil, dass d’Astreinten net méi an de Seuil vun den 34 Deeg faalen. 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt