Statut vum Travailleur handicapé

An de leschte Wochen hunn ech vu Bierger Informatiounen iwwert Schwieregkeete fir eng nodréiglech Unerkennung vum Statut vum Travailleur handicapé kritt. Dëst féiert och zu Problemer bei der Steiererklärung bei de betraffe Persounen. Am Kontext vum Gesetz vun 2003 iwwer de Statut vum Travailleur handicapé, dee vum deemolegen Aarbechtsminister François Biltgen (CSV) agefouert gouf, erginn sech heizou e puer wichteg Froen.

  1. Wéi vill Persounen hu säit der Aféierung vum Gesetz de Statut vum Travailleur handicapé kritt?
  2. Gëtt et eng Prozedur fir de Statut vum Travailleur handicapé nodréiglech unzeerkennen, wann eng Persoun schonn zënter Jore mat engem Handicap schafft?
  3. Firwat stellt d’ADEM keng Certificaten aus fir de Statut vum Travailleur handicapé nodréiglech ze bestätegen, obwuel d’Persoun schonn zënter Joren an dësem Kader schafft?
  4. De Statut vun Travailleur handicapé betrëfft net nëmmen d’Aarbechtswelt. Persounen, déi offiziell de Statut vum Travailleur handicapé hunn, kënne bei der Steiererklärung vu Steiererliichterunge profitéieren. Dofir mussen si mat engem offiziellen Dokument hire Status bestätegen.Ass dem Finanzminister de Problem bekannt, dass eng Rei concernéiert Persounen net vun de virgesinne Steiererliichterunge kënne profitéieren, well si keen offiziellt Dokument hunn, dat hire Statut bestätegt?
  5. Wéi kënnen d’Betraffener hiren Handicap bei der Steiererklärung beweisen, wann si keen offiziellt Dokument hunn, dat hire Statut bestätegt?
  6. Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir Persounen, déi schonn zënter laangem als Travailleur handicapé schaffen, awer keen offizielle Statut hunn, fir vun de virgesinne Steiererliichterungen ze profitéieren?
  7. Plangt d’Regierung Moossnamen, fir dës administrativ Schwieregkeeten ze behiewen an de Betraffenen d’Méiglechkeet ze ginn, vun hire Rechter ze profitéieren?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene