Statec Ëmfroen

D’Gesetz vum 10te Juli 2011, hält fest dass d’Deelhuelen un STATEC-Ëmfroen obligatoresch ass. Doniewent, huet de STATEC huet och d’Recht, am Kader vun Ëmfroen, Accès op perséinlech Informatiounen ze kréien, déi op stattlechen Datebanke gespäichert sinn. Am Artikel 15 vum uewe genannte Gesetz sinn dann och méiglech Strofe festgehalen, falls ee refuséiert un enger Ufro deel ze huelen.

Art. 15.:
“”Le refus de fournir les renseignements demandés, le refus de les fournir dans le délai prescrit ainsi que le fait de fournir intentionnellement des renseignements inexacts ou incomplets est passible d’une amende de 251 euros à 2.500 euros. Le paiement de l’amende ne dispense pas de la fourniture de l’information demandée.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mol goufe Strofen, wéi am Artikel 15 virgesinn, ausgeschwat?

  2. An sengen Ëmfroen, kann de STATEC och Informatiounen iwwert aner Persounen aus dem Stot froen. Deemno, kréien si also Accès zu perséinlechen Daten, ouni onbedéngt den Accord vun de betraffe Persounen ze hunn.
    D’Gesetz vum 11 August 1982 concernant la protection de la vie privée schreift vir, dass d’Privatsphär vun de Bierger muss respektéiert ginn. 

    Gesäit de Minister an dëser Prozedur ee Konflikt tëscht dem Droit à la vie privée an den Ëmfroe vum STATEC?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3897

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt