Stellenausschreiwung: Bezueltene Stage

D’Sensibilité Politique Piraten sicht no motivéierten a fläissege Stagiairen, fir divers kreativ, praktesch an administrativ Aufgaben z’erleedegen.

Dauer vum Stage:
minimum ee Mount. Verlängerbar jee no Besoin.

Aarbechtsdauer:
10 bis 30 Stonnen/Woch, jee no Besoin.

Aarbechtsufank:
Esou bal wéi méiglech

Aufgaben: 

  • Support bei Eventer a Stänn
  • Ënnerstëtzung vun der Equipp am Büro:
    Verwaltung, Opbau vu Datebanken, Gestioun vu Kontakter, Memberen, Courrier & Agenda
  • Social Media – Contents mat ausschaffen

Ufuerderungen un d’Kandidaten:

  • op mannst eng 2ème &  ee Cours d’Instruction civique gepackt
  • mindestens 18 Joer
  • Führerschein fir den Auto
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséich

Interessente sollen hier Kandidature bestoend aus engem CV an engem klengem Motivatiounsbréif per E-Mail un: piraten@chd.lu schécken. Alternativ kënnen d’Saachen och per Post op 22, Rue de l’Eau L-1449 Lëtzebuerg geschéckt ginn.

Mir sinn eng jonk and dynamesch Equipp mat platten Hierarchien, an där all Member ka matschwätzen. D’Stagiaire kréien ee gudden Abléck an d’Institutiounen zu Lëtzebuerg a kënnen éischt Erfahrungen am Beräich vun der Administratioun sammelen. De Stage gëtt finanziell indemniséiert.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt