Sproochecourse vun der CLCCL

An verschiddene Lycéeë gi Chineesesch Coursë fir d’Schüler ugebueden. Dës Coursë gi vum “Centre de Langue et de Culture Chinoises du Luxembourg” (CLCCL) organiséiert. De CLCCL ass vun dem Chineeseschen Educatiounsministère unerkannt a schafft mat der Shanghai Normal University zesummen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister soe wéi hei séchergestallt gëtt, dass d’Coursen déi vun der CLCCL ugebuede ginn, onofhängeg vun de Positioune vun der Chineesescher Regierung sinn?
  2. Gëtt de CLCCL reegelméisseg kontrolléiert? Wa jo, wéi genau? Wa nee, firwat net?
  3. Ginn an dëse Sproochecoursen och Theme wéi d’Situatioun am Hong Kong oder vun den Uiguren thematiséiert? 
  4. Wéi ginn aner Sproochecoursen, déi a Schoule vun externen Organisatioune mat Lien an d’Ausland gehale ginn, kontrolléiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6967

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene