Sportskoordinator an de Gemengen

D’Iddi vun de Sportskoordinator an de Gemengen ass am Joer 2020 am Kader vum „Plan de relance Sport“ am Kontext vun den Hëllefe fir déi Lëtzebuerger Sportswelt an de Gemengen am Kampf géint de Covid-19 agefouert ginn. Niewent verschiddene finanziellen Hëllefe fir Sportverbänn a Sportveräiner sinn och d’Gemengen ënnerstëtzt ginn, dat an engem Zäitraum vun 3 Joer mat 50% vun de Salaireskäschten, plafonéiert op 150% vum Mindestloun. Laut den Aussoe vum Sportminister goufen et Ufanks 2024 9 Sportskoordinator, déi sech ëm 11 Gemenge bekëmmert hunn. Op der rezenter Generalversammlung vun der LASEP huet de Sportminister ugekënnegt, dass eng 15 weider Sportskoordinator vun de Gemenge respektiv Gemengesyndikater agestallt goufen. De Sportminister sot an engem rezenten Interview: „Ich war froh, dass sich 44 Gemeinden für die Informationsversammlung zum Sportskoordinateur angemeldet hatten. Andererseits waren 40 nicht da, also fast die Hälfte.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Sportskoordinator ginn et Stand 1ten Abrëll 2025 an a wéi enge Gemenge respektiv Gemengesyndikater?

  2. Laut der Circulaire ministérielle n° 2025-017 vum 24.Februar 2025 hunn d’Gemengen 3 Méiglechkeete fir ee Sportskoordinator anzestellen an dann, jee no Konditiounen, eng staatlech finanziell Hëllef ze kréien. An dëser Circulaire un d’Gemengen an d’Gemengesyndikater gëtt allerdéngs net preziséiert, wéi déi staatlech finanziell Hëllef konkreet ausgesäit? Kann d’Minister hei Prezisioune ginn, respektiv wäert dëst an enger weiderer Circulaire erkläert ginn, besonnesch wëll vill Gemengen net un der Informatiounsversammlung deel geholl haten?

  3. Kann de Sportminister soen wéi vill a wéi eng Gemengesyndikater an d’Informatiounsversammlung ageluede waren?

  4. Ass et och engem Gemengesyndikat, dee keng sportlech Aktivitéit a senge statutaresche Missiounen huet, erlaabt ee Sportskoordinator anzestellen?

  5. Aus der Circulaire geet och net ervir wat fir eng Qualifikatioun respektiv Beruffsausbildung de Sportskoordinator muss hunn, fir dass d’Gemeng respektiv de Syndikat eng staatlech Ënnerstëtzung kritt. Kann de Minister dëst präziséieren?

  6. Op där enger Säit ënnersteet d’Personal vun engem Gemengesyndikat dem Büro vum Syndikat – op der anerer Säit soll de Sportskoordinator allerdéngs direkt beim Schäfferot vun de jeeweilege Gemengen ugesidelt sinn. Wéi stellt sech de Minister dëst hierarchescht Zesummespill fir?

  7. Am Beräich vum Naturpakt, dem Klimapakt an och dem interkulturellem Zesummeliewe kënnen d’Gemengen eng finanziell Ënnerstëtzung fir hier betreffend Personalkäschte kréien. Am Fall vum „ coordinateur pacte communal du vivre-ensemble“ ass dat laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 23. August 2023 betreffend dat interkulturellt Zesummenliewen de plafonéierte Montant vun 30.000€ pro Joer pro Gemeng. Ass de Minister net der Meenung, dass op Grond vun der sougenannter „ sécurité juridique“ déi verschidde Bestëmmungen a Konditioune betreffend de Sportskoordinator missten an engem Gesetzestext erfaasst sinn, esou wéi dat och fir den Naturpakt, de Klimapakt an eben de Pakt vum Zesummeliewen de Fall ass?

  8. Ass des Virgoensweis konform mam Artikel 117 (4) vun der Verfassung, dee Follgendes festhält: „Toute charge grevant le budget de l’Etat pour plus d’un exercice doit être établie par une loi spéciale”?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2201

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de