An der parlamentarescher Fro n°2201 vum 7.Abrëll 2025 betreffend d’Sportskoordinatore fir d’Gemengen huet de Sportminister a senger Äntwert vum 25. Abrëll 2025 eng gesetzlech Verankerung vun der Finanzéierung vun de Sportskoordinatoren an Aussiicht gestallt. Den Artikel 117 (4) vun der Verfassung hält fest: “Toute charge grevant le budget de l’Etat pour plus d’un exercice doit être établie par une loi spéciale”. D’Finanzéierung vun de Sportskoordinatoren ass allerdéngs aktuell just an enger Konventioun festgehalen, obwuel se eng méijoereg finanziell Belaaschtung fir de Staatsbudget duerstellt. Am Verglach dozou sinn aner Gemengekoordinatoren, wéi déi vum Naturpakt, Klimapakt oder dem Pakt vum Zesummeliewen, explizit duerch Gesetzer gereegelt.
D’Circulaire ministérielle n°2025-017 vum 24. Februar 2025 gesäit vir, dass de Staat wärend den éischten 3 Joer 80% vun de Personalkäschte vum Sportskoordinator iwwerhëlt an dëst ab dem 4. Joer degressiv verleeft bis zu 20% ab dem 9. Joer. Dës laangfristeg Finanzéierung schéngt ouni entspriechend gesetzlech Basis ze funktionéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Finanzéierung vu staatleche Subventiounen iwwer méi Joer ouni spezifescht Gesetz konform mat dem Artikel 117 (4) vun der Verfassung?
-
Sinn d‘ Ministeren der Meenung, dass d’Subventionéierung vun de Sportskoordinatoren, esou wéi se an der Circulaire ministérielle n°2025-017 virgesinn ass, eng gesetzlech Basis brauch?
-
Wéi gëtt de Ministère des Finances a Froe vun “sécurité juridique” consultéiert, wann nei Subventiounsmechanisme fir Personal a Gemengen oder Gemengesyndikater agefouert ginn?
-
Wäert de Finanzministère als kompetent Autoritéit aktiv ginn, fir sécherzestellen, dass bei de Sportskoordinatoren eng gesetzlech Basis geschaf gëtt, esou wéi et fir de Klimapakt, Naturpakt an de Pakt vum Zesummeliewen de Fall ass?
-
Am Fall wou eng gesetzlech Basis neidesch ass, kënnen dann iwwerhaapt bis zu dem Akraafttriede vun dem Gesetz Ausgabe gemaach ginn, ouni déi neidesch gesetzlech Basis?
-
Wéi evaluéiert d’Regierung déi aktuell Praxis, wou verschidde Ministèren ënnerschiddlech Usätz hunn, wat d’gesetzlech Verankerung vun hire Subventiounsprogramme betrëfft?
QP Nummer 2272