Speziell Supermarché Caddien fir Kanner mat Behënnerung

Eltere vu Kanner mat enger Behënnerung gi viru vill Erausfuerderungen an hirem Alldag gestallt. Esou zum Beispill och, wann et drëms geet, mat Kanner, déi am Rollstull setzen, an de Supermarché ze goen. Déi kleng Sëtzfläch, déi et a verschiddene Caddie gëtt, ass oft net grouss genuch, fir dass och nach eeler Kanner kéinten dra Plaz huelen. An Amerika huet eng jonk Mamm vun engem klenge Meedchen, dat duerch kierperlech Behënnerungen a senger Beweegungsfräiheet ageschränkt ass, dofir ee Caddie entworf, an deem Kanner och nach Plaz huele kënnen, wann se méi grouss sinn. Esou muss d’Mam net méi de Caddie an de Rollstull gläichzäiteg duerch de Supermarché drécken. Déi jonk Mam huet an den USA schonn e puer Supermarchéë vun hirer Iddi iwwerzeege kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Hunn d’Ministere scho vun esou Initiativen héieren? Falls jo, envisagéieren d’Ministeren den Asaz vun esou Caddien an de Supermarchéen ze encouragéieren oder, zum Beispill am Kader vun engem Pilotprojet, souguer ze subventionéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4113

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen