ACCOUNT

Spezialisatioun vun Infirmieren an Infirmièren

Den aktuelle Mangel u medezineschem Personal an de Spideeler zitt sech vun den Doktere bis hin zu den Infirmieren an Infirmièren. Eis gouf zougedroen, dass vill Infirmieren an Infirmière speziell Formatioune maachen, fir sech op bestëmmte medezinesch Felder ze spezialiséieren. Dacks wär et dann awer esou, dass si herno net an deene Beräicher schaffen, an deenen si dës speziell Formatioune gemaach hunn. An och bei Persoune mam Statut vum Travailleur handicapé sollen et grouss Problemer ginn, zum Beispill, dass si keng Plaz an hirem Beruff fannen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Infirmieren an Infirmièren hunn an deene leschte 5 Joer spezifesch Formatioune gemaach, fir sech an engem medezinesche Feld ze spezialiséieren?

  2. Wéi vill vun dëse Persoune schaffen, Stand November 2022, an deenen Domainer, fir déi si speziell Formatioune gemaach hunn?

  3. Ginn et fir déi verschidde Statiounen an de Klinicken, zum Beispill d’Maternité, d’Radiologie asw., Virgaben, wéi vill Prozent vum Personal vun där Statioun musse speziell Formatioune gemaach hunn?  Wa jo, wéi eng Virgabe sinn dat?  Wa nee, firwat net?

  4. Wéi vill Mataarbechter mam Statut Travailleur handicapé sinn aktuell an deenen eenzele Spideeler agestallt?  Wéi presentéieren sech dës Zuele par Rapport vun der Gesamtzuel u Personal pro Spidol?

  5. Wéi vill Infirmieren an Infirmièrë mam Statut vum Travailleur handicapé hunn an deene leschte 5 Jore Formatioune gemaach, fir sech an engem medezinesche Feld ze spezialiséieren?

  6. Wéi vill vun dëse Persoune schaffen, Stand November 2022, an deem medezinesche Beräich, an deem si Formatioune gemaach hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7187

Zesummenhang posts

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An