Spëtzesportler

Am Kontext vun den olympeschen an de paralympesche Spiller ass vill, och am Ausland, iwwert d’Ënnerstëtzungen an d’Wäertschätzung vun de Spëtzesportler geschwat ginn.

  1. Wat sinn d’Krittären fir Spëtzesportler ze ginn?
  2. Ginn et hei Ënnerscheeder tëscht Individualsportaarten an Ekippesportaarten?
  3. Op wat fir staatlech Ënnerstëtzungsmoossname kënnen eis lëtzebuerger Elittesportler zréckgräifen?
  4. Wéi vill Elittesportler aus wéi enge Sportaarte ginn aktuell am Kader vun de verschiddenen Moossnamen ënnerstëtzt?
  5. Eng vun de wichtegste Moossnamen ass jo bekanntlech d’Elittesportsektioun vun der Arméi. Wéi vill Elittesportler aus wéi enge Sportaarte sinn aktuell an dëser Sektioun a wéi sinn déi genau Krittäre fir Sportszaldot ze ginn respektiv dann och ze bleiwen? Wat sinn d’Perspektive vun den Elittesportler, déi net méi an der Elittesportsektioun vun der Arméi wëllen oder kënne bleiwen?
  6. De Sportminister huet als eng vu senge Prioritéiten d’Schafe vun enger ziviller Karriär, als Pendant zu der Elittesportsektioun vun der Arméi erkläert. Wou genau sinn dës Iwwerleeungen drun, wuel wëssend, dass de Conseil supérieur des Sports sech scho säit laangem mat dësem Sujet befaasst huet?
  7. Wéi gesinn dës Iwwerleeungen am Detail aus a wéini gedenkt de Minister dës zivil Karriär fir déi lëtzebuerger Elittesportler anzeféieren?
  8. An wéi engem Mooss gëtt den COSL respektiv den LPC am Kontext vum Elittesport ënnerstëtzt?
  9. A wéi engem Mooss ginn déi respektiv Sportverbänn am Kontext vum Elittesport ënnerstëtzt?
  10. Säit 2018 bitt den LIHPS de lëtzebuerger Spëtzesportler enorm wichteg Servicer un. Wéi ass déi staatlech Ënnerstëtzung vum LIPHS säit 2018 evoluéiert? Huet den LIHPS nach aner net staatlech Recetten? Gedenkt de Sportminister dem LIHPS och an Zukunft déi staatlech finanziell Ënnerstëtzung unzebidden, fir esou déi lëtzebuerger Spëtzesportler mat den néidege Servicer ze ënnerstëtzen?
  11. Wéi ass den aktuelle Stand am Dossier Sportsfabrik, déi jo säit dem Waasserschued am August 2023 nëmmen zum Deel ka benotzt ginn?
  12. Huet den Sportsminister ee Gesamtkonzept wat d’Ënnerstëtzung vum lëtzebuerger Spëtzesport am Hibléck op déi olympesch an paralympesch Spiller am Joer 2028 zu Los Angeles ugeet?
    • Wa jo, wéi gesäit dëst Konzept am Detail aus?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene