Spannungen an der Direction Médicale et de la Santé vum CGDIS?

An engem rezente Schreiwes huet de Generaldirekter vum CGDIS de Pompjéëen d’Démissioun vum Directeur Médical et de la Santé matgedeelt. D’Demissioun koum no enger Period, déi vu widderhuelte Kriticken um contrôle médicale vum CGDIS gepräägt war, a werft d’Fro op, ob och Onstëmmegkeeten an der Direction Médicale et de la Santé vum CGDIS d’Demissioun mat verursaacht hunn.
Konkret gouf engem Dokter, dee säit iwwer 10 Joer d’Medico-Ënnersichunge vun den Taucher vum CGDIS gemaach huet, vun der Direktioun vum CGDIS matgedeelt, dass en dës Tâche net méi weider ausféieren dierft, wat zu Spannungen tëscht den involvéierte Parteie soll gefouert hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass et Spannungen an der Direction Médicale et de la Santé vum CGDIS gëtt?

  2. Kann d’Ministesch méi konkret Informatiounen iwwert d’Grënn ginn, aus deenen dem besoten Dokter gewëssen Aufgaben entzu gi sinn?

  3. Wéi gëtt séchergestallt, dass d’Taucher vum CGDIS am Kader vun hire Medico-Ënnersichungen ëmmer nach vun engem qualifizéierten Dokter examinéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4899

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt