SpamBee

An der parlamentarescher Fro n°542 hat de Minister mir Informatiounen zu der Plattform SpamBee ginn. Op der Website si weder en Impressum, nach eng GDPR-Erklärung ze fannen, wuel wëssend, dass hei manifestement Benotzerdonnéeën gespäichert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir de Ministeren dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministeren erkläre firwat keen Impressum a keng GDPR-Erklärung op der SpamBee-Website siichtbar ass?
  2. Wéi oft ass de SpamBee Plug-in bis elo installéiert ginn?
  3. Wéi vill aktiv Useren huet SpamBee bis ewell?
  4. Wou ginn déi Benotzer-Donnéeën de Moment gespäichert?
  5. Wéi vill huet d’Entwécklung vum SpamBee insgesamt kascht a wat sinn d’operativ Käschte pro Joer?

QP Nummer 2260

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt