Soumissiounen

Am Oktober 2021 huet de Conseil de la concurrence d’Resultater vun enger Enquête vum Soumissiouns-System verëffentlecht. Aus der Enquête geet ënnert anerem ervir, dass den Accès zu Soumissiounen fir kleng a mëttler Firmen duerch komplizéiert Reglementer méi schwéier ass. Laut Enquête maachen d’Ufuerderungen u Mindestëmsaz oder Aarbechterzuel den Accès zu den Opträg schwéier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. 71 Bureau d’études waren 2021 a Soumissiounen involvéiert. Op der Säit 27 vun der Enquête ass ze liesen:

“le pouvoir adjudicateur a quasiment toujours recours à un ou plusieurs bureaux d’architectes ou d’ingénieurs-conseils afin de mettre en place la procédure de passation de marché et de l’accompagner, le plus souvent, dans toutes les étapes de préparation et de réalisation d’un projet de construction.”

Laut den Zuelen aus der Enquête, gëtt bei 62% vun de Soumissioune Recours op een externen Architekt gemaach. Bei den Ingenieure sinn et 78 Prozent. 54% vun den Architekte kommen aus enger vun 10 Firmen. Bei den ingenieurs civiles ginn 79% vun den Opträg un eng vun den 10 groussen Entreprisen. Bei den ingenieurs techniques sinn et souguer 84%. 40% eleng ginn un eng eenzeg Firma. (Säiten 30 bis 31 an der Enquête)

Kënnen d’Ministeren dës Zuele bestätegen? Wat fir Richtlinne respektiv Ufuerderungen a Punkto Cahiers des charges ginn an esou Fäll vum Staat fir d’Bureau d’études festgehalen? Firwat gëtt esou vill op extern Experten zréck gegraff? Gesinn d’Ministeren hei de Risk vun engem Oligopol, deen de Steierzueler kéinnt onneideg Geld kaschten?

2. A wat fir engem Mooss ass de Staat spéiderhi responsabel, fir d’Aarbecht vun dësen externen Experten zum Beispill am Fall vu Feelplanungen?

3. Wéi vill Soumissiounen am Beräich vum Handwierk an der Konstruktioun goufen an deenen leschten 5 Joer vu Firmen iwwerholl,

• déi manner wéi 10 Aarbechter hunn?

• déi manner wéi 50 Aarbechter hunn?

• déi manner wéi 250 Aarbechter hunn?

4. A wéi ville Fäll hu Firme mat manner ewéi 50 Aarbechter sech zesumme gedoen, fir bei der Soumissioun matzemaachen, an den Zouschlag kritt?

5. Wéi ass am Fall vun engem Zesummeschloss vu vereenzelte Firmen am Kader vun enger Soumissioun d’Responsabilitéit vun de Firme gereegelt?

6. Weider am Rapport d’Enquête ass ze liesen (Säit 42):

“La passation par corps de métier, en plus de faire baisser la facture finale, permet d’inclure les PME au sein des marchés publics. Les entreprises de moins de 50 personnes représentent 96% des entreprises de construction spécialisée. Même si les éléments recueillis par le Conseil ne permettent pas de quantifier la participation des PME aux marchés de travaux, le Conseil encourage les pouvoirs adjudicateurs à continuer prioritairement les procédures par corps de métier.”

Wéi stinn d’Ministeren zu dëser Recommandatioun vum Conseil de la concurrence?

7. Laut Rapport sinn 98% vun den Zouschléi fir d’Soumissiounen un deen Dossier gaangen, deen de beschte Präis konnt proposéieren. Denken d’Ministeren net, dass aner Krittären ewéi d’Nohaltegkeet, de Schutz vum Aarbechter an d’Fërderung vu PMEen sollten eng wichteg Roll nieft dem Präis anhuelen?

8. De Problem vun méiglechen Avantagen duerch den Engagement vun Travailleurs détachés gëtt am Rapport kuerz ugeschnidden. Gesinn d’Ministeren hei een Risk, dass Firmen een Optrag kréien, wëll se op dës auslännesch Expertise zréckgräifen?

9. Ass vun de sëllegen anere Recommandatiounen, déi am Rapport festgehale gi sinn, eppes iwwerholl an deementspriechend geännert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6222

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister