Sonderstatut vum CFL-Personal – Nofro

D’Rechter an d’Fliichte vum CFL-Personal ginn duerch ee Spezialgesetz vun 1920 gereegelt. Zënter méi wéi engem Joerhonnert gëllt dëse Sonderstatut mat senge ganz eegene Reegelen abseits vum Code du Travail an de Gesetzer vum Staatsbeamtestatut.

Reegelméisseg mécht de Staatsrot a sengen Avis’en (zum Beispill n°60.075 oder och 60.421) zu groussherzogleche Reglementer betreffend dem CFL-Statut de Constat, dass déi legal Basis, déi de Sonderstatut vum CFL-Bedénschtete reegelt, net duergeet.  Et gëtt virun allem bemängelt, dass d’Regierung laut eiser Verfassung guer net d’Kompetenzen hätt, fir de gesamte Statut an engem groussherzogleche Reglement festzehalen, well d’Grenzen vun hire Méiglechkeete vun eiser Verfassung iwwerschratt wieren. Doraus kann ee schléissen, dass d’Chamber als Legislateur de Statut muss iwwert ee Gesetz reegelen. D’Gesetz vun 1920 misst iwwerschafft oder ersat ginn.

De Sonderstatut an d’Assimiléierung vum CFL-Bedéngschteten un de Fonctionnaires-Statut si juristesch gesinn net kloer. Sinn CFL-Mataarbechter eng Zort Fonctionnairen mat alle Rechter a Fliichten? Oder sinn se et net?

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°5944 zu dësem Thema, hat de fréiere Koalitiounspartner a Virgänger vun der aktueller Mobilitéitsministesch geäntwert, dass eng Reform vum aktuelle Sonderstatut net geplangt wier, “mee eng nächst Regierung wäert sech mussen dëser Fro sécher unhuelen.” 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert dës Regierung sech dësem Dossier unhuelen oder wäert si beim CFL-Sonderstatut alles beim Ale beloossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 320

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene