Supplementen op den Dokteschrechnungen

Dokteren an Zänndokteren däerfe fir verschidde Leeschtungen, déi iwwert d’Basisbehandelung erausginn, sougenannten “supplément d’honoraire pour convenance personnelle” bzw. “Sonderhonorare für persönliche Ansprüche” verrechnen. Dës ginn net vun der CNS iwwerholl a musse vum Patient selwer gedroe ginn. 

Wéi héisch dës zousätzlech Käschten dierfe sinn, gouf net gesetzlech festgehalen. Konkret heescht et op der Websäit vun der CNS dozou:
“Es ist anzumerken, dass die Tarife für persönliche Ansprüche nicht festgelegt sind.
Die Ärzte und Zahnärzte sind jedoch gebeten, gegebenenfalls, die Sonderhonorare mit «Takt und Maß» zu verrechnen.”

Fir e Supplement verrechnen ze kënnen, misst den Dokter de geltende Reegelen no säi Patient am Viraus iwwert déi zousätzlech Käschten informéieren an de Patient misst dësen zousätzleche Leeschtungen och am Virfeld zoustëmmen. Leider kënnt et um Terrain awer ëmmer nees zu Situatiounen, wou Supplementen op Rechnungen optauchen, déi net vum Dokter ugekënnegt goufen. Well vill Persounen hier Dokteschrechnungen einfach bezuelen, ouni ze iwwerpréiwen, ob Supplementen notéiert goufen, déi net ugekënnegt waren, fält déi falsch Facturatioun oft net op. Fir Persounen, déi op e Remboursement vun der CNS ugewise sinn, fir finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen, kann dat awer zu schlëmmen Iwwerraschunge féieren, wann eréischt nodréiglech festgestallt gëtt, dass d’Krankekeess net alles iwwerhëlt a si onerwaart op engem Deel vun de Käschte setze bleiwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft a wéi gëtt kontrolléiert, ob Zänndokteren an Dokteren hier Rechnunge konform ausstellen a keng Supplemente fir convenances personelles berechnen, wann dës net am Virfeld mam Patient ofgeschwat gi sinn?

  2. Falls en Dokter oder Zänndokter engem Patient op deem säi Wonsch hin e feste Rendezvous gëtt an dësen Termin och anhält, kann e Supplement “CP1” berechent ginn.
    • Däerf esou ee CP-Supplement och verrechent ginn, wann e Rendezvous iwwert en Online-Portal gemaach gëtt? Wéi gëtt de Patient dann iwwert déi zousätzlech Käschten informéiert?
    • Wei ass et, wann den Dokter dem Patient e feste Rendezvous proposéiert, ouni dass de Patient explizitt gefrot huet?
    • Wat geschitt am Fall, wou den Dokter de Rendezvous net anhält? Ab wéi vill Minutte Retard ka kee Supplement méi gefrot ginn?

  3. Plangt d’Regierung Plaffongen anzeféieren, wat d’supplément d’honoraire pour convenance personnelle ugeet, fir d’Verbraucher besser virun iwwerdeierten Tariffer ze schützen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4542

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister