Solarstroum vun der Steieren ofsetzen

An de leschte Joren hunn ëmmer méi Leit eng Solaranlag (Photovoltaikanlag) op den Daach vun hirem Haus installéiert. Dës Politik bréngt fir d’Leit verschidde Virdeeler an hëlleft virun allem eisem Land, fir dem Klimawandel entgéintzewierken a méi onofhängeg vum Ueleg aus anere Länner ze ginn.

Als Independant kann ee verschidde Käschten als Charges d’exploitation geltend maachen, wann dës am Zesummenhang mat de professionellen Aktivitéite vun der Firma sinn. Ee klassescht Beispill dofir sinn d’Käschten vun engem Auto, dee fir d’Aktivitéiten vun enger Firma genotzt gëtt. Beim klassesche Verbrenner kann de Steierzueler d’Rechnung vum Sprit oder vun der ëffentlecher Luetstatioun direkt dofir notzen am Zesummespill mam Faahrtebuch. Et gëtt allerdéngs e bësse mi onkloer, wann de Stroum fir den Elektroauto am Doheem vum Steierzueler gezaapt gëtt.

Um Site vun der Steierverwaltung ass Folgendes erkläert:
“les frais de voiture subis par le chef d’entreprise ne seront déductibles que dans la limite de l’utilisation professionnelle de la voiture. Il appartient au chef d’entreprise d’apporter la preuve du caractère déductible de la dépense, par exemple sur base du carnet de route.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi eng Modalitéite muss de Steierzueler oppassen, wann hien de Stroum, deen hien aus senger Solaranlag fir ee Firmenauto zaapt, als Charges d’exploitation wëll geltend maachen? 

  2. Wéi eng Beweiser muss de Steierzueler an dësem Fall kënne presentéieren, fir de gezaapte Stroum als Charge d’exploitation kënne geltend ze maachen? 

  3. Wéi eng Plaffongen oder Limitten gëllen an dëse Fäll?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 576

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene