Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Solardiecher iwwert den Autobunnen – eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

Am Kader vum Paräisser Klimaaccord mussen d’Zäregasemissiounen an den nächste Jore massiv erofgesat ginn. Konsequenterweis muss eis Gesellschaft dofir onbedéngt de Verbrauch vu fossille Ressourcen a kierzester Zäit reduzéieren an op laang Dauer evitéieren. Eng grouss Chance gëtt dobäi an Technologien wéi der Photovoltaik gesinn, fir d’Energiewend zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt ze realiséieren.

D’Photovoltaik kënnt aktuell virun allem op den Diecher vu Gebaier souwéi a spezielle Photovoltaikparken zum Asaz. Der Notzung vun der Energie sinn awer keng Grenze gestallt. Op der “Österreichische Fachtagung für Photovoltaik und Stromspeicherung” vum 3ten Dezember 2020 gouf d’Iddi presentéiert, fir Photovoltaikanlagen iwwert den Autobunnen z’installéieren. Wéi d’Plattform stern.de beriicht, kéinten esou an Däitschland pro Joer 57 Terrawattstonne produzéiert ginn. Dat entsprécht méi wéi 10% vum gesamten däitsche Stroumverbrauch. Wëssend, dass d’Terrainen an dësem Fall och schonn dem Staat gehéieren, wier et och relativ einfach, esou Anlagen op den Autobunnen opzebauen – natierlech ënnert der Berécksiichtegung vu sécherheetstechneschen Aspekter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéieren sech d’Ministeren zu der Iddi, flächendeckend Photovoltaikanlagen iwwert de lëtzebuergeschen Autobunnen z’installéieren?

  2. Ginn et scho konkret staatlech Projeten, déi an dës Richtung wëlle goen?
    Falls net, schléissen d’Ministeren aus, dass de Staat an Zukunft an esou Projeten investéiere wäert?

  3. Wéi eng sécherheetstechnesch Aspekter misste bei esou engem Projet berécksiichtegt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4324

Mir hunn eng Nofro un déi nei Regierung gestallt:

Virun zwee Joer hat ech a menger parlamentarescher Fro 4324 gefrot, ob d’Regierung wéilt op de Wee goen, fir d’Autobunne mat Solardiecher z’iwwerdecken. Deemols gouf erkläert, dass eng ganz Rëtsch sécherheetsrelevant Aspekter misste berécksiichtegt ginn, déi zimmlech opwänneg wieren an dass et keng konkret Projeten géif ginn, fir Photovoltaikanlagen op den Autobunnen z’installéieren. 

An hirer Äntwert haten déi deemoleg Ministere geschriwwen:

“Ier iwwerhaapt emol eng Photovoltaikanlag kann iwwert enger Autobunn installéiert ginn, ass also als éischt eng schwéier an deier Konstruktioun opzeriichten, dat, ier deen éischte Stroum ka produzéiert ginn. Et wier also méi sënnvoll als éischt emol vu bestoendem Daachflächen ze profitéieren, ier een zousätzlech Daachflächen erschafe geet, fir Photovoltaikanlage kënnen drop opzeriichten. […] Ofschléissend kann ee festhalen dat – nieft de villen sécherheetsrelevante Schwieregkeeten de techneschen a finanziellen Opwand sou grouss ass dat et net duerstellbar ass sou deiere Photovoltaikstroum an engem grousse Moossstaf ze produzéieren.”

Déi heite Regierung huet awer an hirem Koalitiounsaccord ugekënnegt, dat wëllen ze “analyséieren”.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Huet d’Regierung konkret Projeten am Kapp, op deenen ee Solaranlagen iwwert oder laanscht d’Autobunne wäert opstellen? Falls jo, wéi eng sinn dat?
  2. Wéi positionéiert sech dës Regierung zu den Aussoe vun hire Virgänger, déi een éischter negativen Avis zu der Iwwerdaachung vun den Autobunnen haten?

Verlaf an der Chamber

Fro n°109

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll