Solarprojeten op Gebaier vum Staat

Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken. Dat geet nëmmen, wa Lëtzebuerg energiepolitesch esou onofhängeg wéi méiglech ass. Dofir muss virun allem de Staat mam gudde Beispill virgoen. Op Terrainen, déi a Staatshand sinn, muss d’Regierung den Ausbau vun erneierbaren Energië virundreiwen. Am Koalitiounsaccord ass zwar vu grousse Projete rieds, mee et feelt un Detailer. Nom leschte Stand vun eisen Informatiounen (Äntwert op QP n°5500) sinn nëmme 4% vu ronn 1.500 Gebaier vum Staat mat Solaranlagen equipéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng staatlech Gebaier an Terrainen (z.B. Parkingen) sinn aktuell mat enger Solaranlag equipéiert? 

  2. Op wéi enge staatleche Gebaier an Terraine ginn aktuell Solaranlagen equipéiert?

  3. Wéi eng zousätzlech staatlech Gebaier an Terraine sollen elo als éischt mat Solaranlagen equipéiert ginn a bannent wéi vill Méint wäert dat gemaach ginn?

  4. Wéi vill Kilowattstonne Stroum ginn aktuell duerch Solaranlagen op staatleche Gebaier an Terraine produzéiert?

  5. Wéi vill Kilowattstonne Stroum sollen 2028 duerch Solaranlagen op staatleche Gebaier an Terraine produzéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 87

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt