SNHBM Opkaf vun engem Projet vum Fonds Kirchberg

Am Rapport annuel vun 2023 vun der SNHBM steet geschriwwen, dass d’SNHBM eng Residenz mat 16 Wunnengen vum Fonds Kirchberg ofkaf huet (Ofschnëtt “Autre collaboration avec le Fonds Kirchberg). 

D’SNHBM krut awer hei just d’Immobilie an den Terrain bleift am Besëtz vum Fonds Kirchberg, well iwwert Emphyteos verkaf gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich war de Baupräis vun dëser Residenz?

  2. Wéi vill huet d’SNHBM fir dës Residenz un de Fonds Kirchberg bezuelt?

  3. Wéi vill bezillt d’SNHBM fir d’Emphyteos?

  4. Wéi vill Metercarré Wunnraum ëmfaasst dës Residenz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 934

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt