Fit 4 Programmer – Wéi steet et ëm d’Ausschréiwungen?

De Mëttelstandsministère proposéiert säit 2014 d’Programmer fir kleng a mëttelstänneg Entreprisen (SME). Dëst fir d’éischt duerch 4 Fit for Performance Programmer. Dës sollen elo no engem Accord vum 29ten September tëscht dem Ministère, der Chambre de commerce an der Chambre des métiers weider ausgebaut ginn. No den Annoncë fir d’SME-Packages méi wäit opzemaachen ass z’erwaarden datt et och e méi groussen Intérêt gëtt, fir als Entreprise Prestataire de Services an deem Kader ze ginn. Eis ass awer bekannt datt schonns 2020 Betriber virun hirer Bewerbung gesot kruten, se sollen hir Kandidatur zréck zéien a fir 2022 ass den Appel de candidatures schonn zou.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gett uschléissend un dës nei Ännerungen och en neien Appel de Candidatures fir Prestataire gemaach? Wa jo, ab wéini, wann nee, firwat net?

  2. Falls hei nëmme sollt ee punktuellen Appell gemaach ginn, ass de Minister net der Meenung datt eng Prozedur déi nëmme punktuell op ass zu enger struktureller Benodeelegung féiere kéint?

  3. Wäert de Minister an Zukunft, bei all Verännerung vun der Offer vun de Fit 4 Programmer een neien Appel de Candidatures opmaachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6981

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch