Skoda-Tour de Luxembourg

Published by Marc Goergen on

Hënt war den Optakt vum Skoda-Tour de Luxembourg, enger Vëloscourse, déi 835 Kilometer ronderëm Lëtzebuerg féiert. An der éischter Etapp gëschter koum et fir d’Sportler awer zu e puer geféierleche Situatiounen, well de Circuit scheinbar net komplett fir d’Sportler gespaart war. D’Tageblatt zitéiert an engem Artikel vun haut ee lëtzebuergesche Profi, dee gläich an e puer geféierlech Situatioune geroden ass. Notamment seet de Sportler, datt d’Sécherheet um Circuit net garantéiert ass, well zum Beispill um Circuit Autoen op der Strooss stinn oder well souguer ee Bus op der Strooss ënnerwee war. Glécklecherweis ass a béide Situatioune keen Accident passéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Ministeren a Kenntnis, dass dës Course parallel mam normale Stroosseverkéier ofgehale gëtt?

  2. Firwat goufen d’Stroossen net komplett fir de Verkéier gespaart? 

  3. Wéi ass et méiglech, datt Busser um Circuit gefuer sinn? Gouf et am Viraus keng Koordinatioun tëschent dem Mobilitéitsministere an dem Organisateur?

  4. Ginn d’Stroosse fir déi restlech Etappe vum Skoda-Tour fir de Privatverkéier zäitweis gespaart, bzw. ëmgeleet?

  5. Wien dréit d’Responsabilitéit am Fall vun engem Accident tëscht engem Sportler an engem Gefier am Stroosseverkéier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2833


Marc Goergen

Koordinator Piratepartei

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.