Skandaler an de Gemenge Réiden/Attert an Hesper – een Opklärungsversuch

D’Piratepartei hat den 28ten Mäerz eng Pressekonferenz zum Thema « Skandaler an de Gemenge Réiden/Attert an Hesper – een Opklärungsversuch » organiséiert. D’Präsentatioun vum Thema hunn de Raymond Remakel, Gemengeconseiller zu Réiden/Attert, an de Mathis Godefroid, Spëtzekandidat vun de Piraten an der Gemeng Hesper, gemaach.

D’Pirate sti fir Transparenz, dëst op kommunalem, nationalem an europäeschem Niveau. Virun allem d’Skandaler, déi a verschiddene Gemengen uechtert Land public gi sinn, weisen, dass ee méi Transparenz brauch, fir d’Responsabilitéit vis-à-vis vum Bierger gerecht ze ginn.

Dofir sinn dëst eis Léisungen, fir an de Gemenge fir méi Transparenz ze suergen:

1.  D’Affär an der Gemeng Réiden ( https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/reiden-un-der-atert-strait-tescht-buergermeeschter-a-schaffen ) wier ganz séier gekläert gewiescht, wann d’Gemengerotssitzunge live gewisen an opgezeechent géife ginn, esou wéi mir Piraten et schonn op ville Plazen – dorënner eng Motioun am Dezember 2022 – gefuerdert hunn. Nieft de Gemengerotssëtzungen, déi online zougänglech wieren, wëlle mir Piraten, dass och mam Gemengebuet een integrale Procès verbal publizéiert gëtt, fir dass jiddereen Accès zu den Informatiounen huet. Een integrale Procès verbal verséchert dann och eng neutral Berichterstattung. Fir ee flächendeckenden Accès ze garantéieren, wier et am beschten dëse Procès verbal dann och op Franséisch z’iwwersetzen.

2. D’Affär zu Hesper wéisst, dass et an de Gemenge méi onofhängeg Kontrollfunktioune muss ginn. Dofir soll an den Ae vun eis Piraten ee Poste geschaf ginn, deen net dem Buergermeeschter oder der Buergermeeschtesch ënnersteet, mee dem Inneministère. Dëse soll als Kontrollorgan vun de Finanze vun de Gemenge funktionéieren.

3. Des Weidere soll vum Inneministère eng Lëscht mat Fournisseuren erstallt ginn, wou d’Gemengen sech inspiréiere kënnen a wou si d’TVAs Nummer an d’Autorisation d’Etablissement kënne kontrolléieren. Esou soll verhënnert ginn, dass Schäinentreprisë kontaktéiert ginn oder et zu Fäll vu Vetternwirtschaft kënnt. Sollt dës Lëscht net vum Ministère opgestallt ginn, fuerdere mir Piraten, dass all Gemeng muss d’TVAs Nummer an d’Autorisation d’établissement kontrolléiert hunn, ier eng Firma engagéiert gëtt.

4. Schlussendlech mussen och d’Gemengesyndikater sech virun de Bierger veräntwerten. D’Opstellung, d’Aktivitéiten an d’Finanze vun de Syndikater musse fir d’Mandatairen an der Gemeng grad ewéi fir d’Bierger oppen zougänglech sinn. 

All dës Fuerderungen si fir eis Piraten essentiel, fir Transparenz op Gemengenniveau z’assuréieren. Et geet net drëms, fir eenzel Gemengen ze viséieren. Transparenz ass an alle Gemengen déi essentiel Léisung, fir bekannte Problemer, déi ee relativ einfach kéint upaken. Mat méi Kontroll bei de Gemengefinanzen, engem Livestream, engem neutrale Gemengebuet an enger méi grousser Ëffentlechkeet vun de Gemengesyndikater wier vill arescht. 

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt