Situatioun am Jugendprisong zu Dräibuer (UNISEC)

Ufanks vun dësem Joer war et am Jugendprisong zu Dräibuer (UNISEC) zu engem Opstand vu jugendlechen Insasse komm, woubäi dräi Polizisten bei der Interventioun verletzt goufen.

Den Ombudsmann souwéi den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) haten dëst Joer fir Verbesserungen vum Jugendprisong a vum Encadrement vun de concernéierte Jugendleche plädéiert. Dobäi gouf virun allem d’Gesetzgebung kritiséiert, déi aktuell mat de Gesetzesprojeten 7991 a 7992 verbessert soll ginn, mee och de Manktem un psychiatreschem Encadrement, wou et zur Zäit keng Aussicht op Besserung gëtt.

Mir gouf zougedroen, dass d’Ambiance an der Unisec sech och zum aktuellen Zäitpunkt net verbessert huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, dass an de Räimlechkeeten zu Dräibuer Fënsteren an Dieren futti sinn?
    Wa jo, zënter wéini ass dat de Fall a bis wéini soll dat behuewen sinn?
    Wéi oft kënnt et vir, dass Objeten oder Armaturen futti ginn?

  2. Wéi oft kënnt et zu physeschen Ausernanersetzungen vu Jugendlechen zou Dräibuer?

  3. Wéi wäert d’UNISEC an Zukunft opgestallt ginn, fir den Erausfuerderungen, déi den OKAJU ernimmt huet, z’entgéinen?

  4. Bis wéini soll eng permanent psychiatresch Betreiung an der UNISEC garantéiert sinn? Wéi eng finanziell Moyenen huet d’Regierung 2023 dofir virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7375

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt