Situatioun am Haut-Karabakh

De 5ten Mäerz koum et am Lachin Korridor zu engem Tëschefall tëscht aserbaidschanesche Spezialunitéiten, Unitéiten aus Armenien a russesche Blohelmer. Heibäi hunn 5 Mënschen hiert Liewe gelooss. Dësen Tëschefall ass eng weider Eskalatioun tëscht Armenien an dem Aserbaidjan.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Minister een Tëschefall tëscht aserbaidschanesche Spezialunitéiten, Unitéiten aus Armenien a russesche Blohelmer de 5te Mäerz 2023 bekannt?

  2. Wéi evaluéiert de Minister dësen Tëschefall? Dëst och en vue vun der Decisioun vum ICJ vum 22ten Februar 2023 zum Lachin Korridor?

  3. Wat ass d’Reaktioun vun der EU an der NATO? Dëst och en vue vum Waffestëllstand vum November 2020? Ass de Minister der Meenung, dass dës Reaktioun duer geet? 

  4. Gëtt d’Decisioun vum 22ten Februar vum ICJ nach respektéiert an den Ae vum Minister? Wa nee, wat fir Konsequenzen erginn sech heiraus?

  5. Wéi steet Lëtzebuerg zur Demande vun Armenien, fir op internationalem Niveau weider net arméiert Experten an d’Regioun vum Lachin Korridor ze schécken, fir d’Situatioun hei z’iwwerpréiwen?

  6. Wéi ënnerstëtzt Lëtzebuerg Armenien an dësen Zäiten a wéi eng weider Hëllefen si geplangt? Wéi eng Positioun huet de Minister hei a senger leschter Rees an Armenien geholl?

  7. Wat fir weider Sanktiounen envisagéiert Lëtzebuerg op EU an NATO-Niveau virzebréngen, sollt Decisioun vum ICJ zum Lachin Korridor net respektéiert gi sinn a ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7744

Zesummenhang posts

Den Dépôt vun de Kandidatelëschte fir d’Gemengewale steet virun der Dier. Dofir sinn elo vill Kandidaten an déi, déi et wëlle ginn, déi sech
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial