Sinn Tesla-Autoen gëeegent fir de Policeasaz?

Virum Hannergrond vun e puer Pannen mat Autoen vun Tesla, wollten mir wëssen, wéi des Autoen an der aktueller Testphase vun der Police allgemeng ofschneiden.  

Am Folgenden fannt dir eis ganz Fro:

Den 22. Mäerz huet d’Press iwwert en technesche Problem mat engem vun den Tesla-Autoe vun der Police bericht. D’Pann an de Fait, datt de Police-Tesla huet missten ofgeschleeft ginn, waren anscheinend esou spannend, datt sech op der Géigespur souguer e Stau wéinst “Gaffer” gebilt huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Stëmmt et, datt d’Panne vum 22. Mäerz net den éischten techneschen Problem war, den Police mat engem vun hiren Teslaen hat?
  • Wéi een Defekt war Schold un der Panne vum 22. Mäerz?
  • Konnt de Problem vum Auto behuewe ginn, a gouf alles gemaach, fir datt sech esou e Virfall net widderhëlt?
  • Kann de Minister scho soen, awéifern den Tesla sech an der aktueller Testphase als adaptéiert fir d’Missioun vun der Police bewärt huet?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen