Signalementer iwwert Mëssstänn a Foyeren

Eis gouf zougedroen, dass et ëmmer erëm zu Signalementer wéinst Mëssstänn kënnt.
Dobäi soll et ëm de Verdacht vu sexueller Gewalt oder och physescher Gewalt géint Kanner goen. Zu dëse Signalementer soll et souwuel a staatlech wéi och private Foyere kommen, grad ewéi och a Crèchen, Maisons Relaisen, Schoulen an aner Institutioune fir Kanner.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer a mat der Ënnerscheedung tëscht privaten a staatlech Strukturen, wéi vill Signalementer iwwer Mëssstänn a Foyeren, wéi zum Beispill iwwert de Verdacht vu physescher Gewalt oder sexuellem Mëssbrauch, goufen et zënter 2010?

  2. Wéi vill Signalementer, opgelëscht pro Joer a mat der Ënnerscheedung tëscht de verschiddenen Zorte vu Strukturen, goufen et iwwer Mëssstänn vu sexueller oder physescher Gewalt a Crèchen, Maisons Relaisen, Schoulen an aneren Institutioune fir Kanner zënter 2010?

  3. Wéi vill Enquête, opgelëscht pro Joer, goufen Opgrond vun dëse Signalementer ageleet?

  4. Opgelëscht pro Joer, wéi vill vun dësen Enquête goufen ouni Suitte klasséiert?

  5. Opgelëscht pro Joer, wéi vill vun dësen Enquête hunn zu Kontrollen a Foyere gefouert?

  6. A wéi vill vun dëse Fäll lafen aktuell nach Enquêten?

  7. A wéi ville Fäll ware Kanner betraff, déi a staatlechen Institutioune placéiert an ënnert enger Tutelle waren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7265

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt