Diskriminéierung vun homosexuelle Mënschen duerch d’Kierch

Nach ëmmer gi Mënsche weltwäit wéinst hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert. An och wann de Code pénal esou eng Diskriminatioun ënner Strof stellt, gëtt et awer ëmmer nees Ausnamen. Eng konkret Ausnam schénge verschidde Glawensgemeinschaften ze sinn.  Opgrond vun der Reliounsfräiheet ginn nach ëmmer Persoune vu Glawensgemeinschaften an deenen unhängenden Institutiounen diskriminéiert, ouni dass dëst juristesch Konsequenzen hätt.

Ee rezent Beispill fënnt sech a Bayern, wou eng Persoun wéinst enger Foto mat engem bekannten homosexuelle Mann, déi op Social Media gedeelt gouf, aus der Paschtouesch-Schoul ausgeschloss gouf. Zu Lëtzebuerg huet den Centre Jean XXIII – Grand Séminaire, deen Ausbildungen zum Paschtouer ubidd, tëscht 2018 an 2021 615’000€ Ennstëtzung vum Staat kritt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Geif esou ee Fall wéi a Bayern vun der Regierung toleréiert ginn? Hätt dëst een Afloss op d’Conventioun mam Centre Jean XXIII ?

  2. Wéi schützt d’Regierung virun allem eis jonk Biergerinnen a Bierger virun den deels LGBTIQ*-feindleche Messagë vu verschiddene Glawensgemeinschaften ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4173

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt