An de leschte Méint hunn ech ëmmer méi Beschwerden vu Betriber kritt, déi vun hire Banken “offboarded” goufen an déi beim Ofschloss vun hirem Kont op gréisser Schwieregkeeten stoussen. Virun allem Betriber mat US-amerikanesche wirtschaftleche Berechtegten (UBO) schéngen dacks betraff ze sinn. Dës Situatioun ass alarmant, well dës Betriber bannent enger kuerzer Frist (typesch 60 Deeg) hir Gelder musse transferéieren, gläichzäiteg awer d’Banken anscheinend SEPA-Iwwerweisungen op Konten ausserhalb vu Lëtzebuerg refuséieren. Dëst steet am klore Widdersproch zu der SEPA-Veruerdnung (EU) Nr. 260/2012, déi explizit d’Gläichstellung vun grenziwwerschreidenden an nationale Bezuelungen innerhalb vum Euro-Raum virgesäit.
Dës Praktik bedréit net nëmmen d’Finanzaktivitéit vun de betraffene Betriber, mee riskéiert och den internationale Ruff vu Lëtzebuerg als Finanzzenter ze beschiedegen. Et schéngt, datt d’Banken an hirer Interpretatioun vun de Regulatioune ganz strikt virginn an dobäi d’Rechter vun hire Clienten aschränken. Besonnesch problematesch ass, datt a ville Fäll d’Betriber no der Kënnegung vun hirem Kont dacks Schwieregkeeten hunn, bannent där proposéierter Frist en neie Bankkont zu Lëtzebuerg opzemaachen, wat si an eng onméiglech Situatioun bréngt an eventuell zu exzessive Gebühre féiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Op wéi enger legaler Basis kënne Banken zu Lëtzebuerg SEPA-Iwwerweisungen op Konten am Ausland refuséieren, besonnesch am Kader vun engem forcéierten “Offboarding”, a steet dëst net am direkten Widersproch zur SEPA-Veruerdnung (EU) Nr. 260/2012?
-
Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung virgesinn, fir sécherzestellen, datt d’Rechter vu Betriber während engem “Offboarding” respektéiert ginn, besonnesch wat den Transfert vun hire Gelder ugeet?
-
Ass de Minister sech bewosst, datt verschidde Banken zu Lëtzebuerg exzessiv Gebühren (bis zu 12.500€) applizéieren, wann e Client no der Kënnegung säi Kont net bannent 60 Deeg schléisst, obwuel et fir verschidde Betriber quasi onméiglech ass, bannent dëser Zäit en neie Bankkont opzemaachen?
-
Plangt d’Regierung, zesumme mat der CSSF, den Akteuren aus der Finanzindustrie (ABBL, ALFI, LPEA) an de betraffene Clienten eng Léisung ze fannen, fir dëse Problem ze léisen, an den Zougang zu Bankservicer fir all Betriber zu Lëtzebuerg ze garantéieren, onofhängeg vun der Nationalitéit vun hiren UBOen?
-
Wéi eng Kommunikatiounsstrategie huet d’Regierung entwéckelt, fir de Schued um internationale Ruff vu Lëtzebuerg als Finanzzenter ze limitéieren, deen duerch dës Praktiken entstoe kéint, besonnesch am Hibléck op vun der neier US-Ambassadrice, déi eng Expertin am Private Equity Beräich ass?
QP Nummer 1964