Seniors for climate Luxembourg

Den 9ten Abrëll 2024 huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter d’Schwäiz wéinst Verletzung vun de Mënscherechter verurteelt. Et ass déi éischte Kéier datt d’ECHR e Staat verurteelt huet, well dësen net genuch géint de Klimawandel géif handelen a soumat de Schutz vun de Mënscherechter géif blesséieren. D’Urteelt vum ECHR verbënnt domat de Schutz vun de Mënscherechter mat mat Moossname géint de Klimawandel.

Den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister hätt nom Urteel ausgedréckt, datt hien den Text vum Urteel an intern Etude wéilt iwwerdroen, fir d’Konsequenze fir de Grand-Duché respektiv d’Verantwortung vum Ministère ze ermëttelen a wat opgrond vun dësem Urteel misst ëmgesat ginn. D’Vereenegung Seniors for climate Luxembourg hätt Enn Mee an Ufank Juli Bréiwer dozou un de Minister geschéckt, huet bis elo awer nach keng Äntwert kritt.

  1. Huet de Ministère antëscht d’Urteel vum ECHR analyséiert? Wat fir Konsequenze goufe fir Lëtzebuerg aus dësem Urteel gezunn?
  2. Ass de Minister der Meenung, dass Lëtzebuerg genuch géint de Klimawandel mécht a soumat net riskéiert, fir duerch eng änlech Klo virum ECHR ze verléieren?
    • Wa jo, wourop baséiert de Minister dës Aschätzung?
    • Wa nee, wat fir eng weider Mesuren si geplangt, fir am Kader vun dësem Urteel ze garantéieren, dass d’Mesure géint de Klimawandel am Aklang mat de Mënscherechter sinn?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen