Security Clearance – Wien dierf Top Secret Dokumenter liesen?

Mam Gesetz vum 15ten Juni 2004 ass zu Lëtzebuerg gereegelt, wéi d’Sécherheetsstuff vun Dokumenter festgeluecht gëtt an ënnert wéi enge Konditiounen een eng “Habilitation de sécurité” (Security clearance) ka kréien. D’ANS (d’Autorité nationale de Sécurité) ass fir dës Prozeduren zoustänneg. An enger éischter Instanz kritt eng intern Kommissioun vun der ANS den Dossier, déi dann evaluéiert, ob den Demandeur soll dës Habilitation kréien oder eben net. Op Basis vun dësem Dossier hëlt de Staatsminister schlussendlech d’Entscheedung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demande fir déi ënnerschiddlech Niveaue fir eng Habilitation de sécurité goufen an deene leschten 10 Joer ugefrot?

  2. A wéi ville Fäll huet ANS een Sécherheetsrisk festgestallt an deemenstpréchent d’intern Kommissioun saiséiert?

  3. A wéi ville Fäll huet d’Kommissioun der ANS zougestëmmt an hirem negativen Avis?

  4. A wéi ville Fäll huet gouf Demande schlussendlech vum Staatsminister ofgeleent?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5939

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt