Sécherheetsproblemer bei den Tesla-Autoe vun der Police?

Source vum Bild:

ënnert Creative Commons Lizenz

Wéi an der Press ze liesen ass, fuerdert d’National Highway Traffic Safety Administration de Réckruff vu ronn 150000 Tesla-Autoen, bei deenen, wéinst engem Defekt um Bordcomputer, d’Sécherheetstechnik net méi funktionéiert. Wéi et heescht, ass och den Tesla S aus de Joren 2012 bis 2018 vun dësem Defekt betraff. D’Police zu Lëtzebuerg huet därer am Joer 2018 zwee Stéck kaf.

  1. Goufen d’Tesla-Autoe vun der Police fir de Moment aus dem Verkéier gezunn?
  2. Sinn d’Autoe vun der Police och vum Defekt betraff a wäerten dowéinst musse gefléckt ginn?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3469

Zesummenhang posts

A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven